arrow_back_ios
Aktuelles
Gréng Luucht fir CETA, de Fräihandelsaccord mat Kanada
D'Majoritéitsparteien hunn an der Chamber gëschter gréng Luucht gi fir den ëmstriddene Fräihandelsaccord tëschent der EU a Kanada. D'CSV huet kuerz virum Vott de Sëtzungssall verlooss, dëst aus Protest well d'Zivilgesellschaft wärend dem Confinement net géint dat ëmstriddent Gesetz kéint manifestéieren. Déi aner Oppositiounsparteien, d'ADR, déi Lénk an d'Piratepartei hunn dogéint gestëmmt.