Aktuelles
Loscht op Normalitéit
De Coronavirus huet an den USA elo schonn iwwer 66.000 Leit d'Liewe kascht. D'Land huet bei Wäitem déi meeschte Fäll vu Leit, déi u Covid-19 infizéiert goufen. Déi amerikanesch Ekonomie stierzt an de Keller. De Chômage geet riicht erop: iwwer 30 Millioune Leit hunn an deene leschte sechs Wochen hir Aarbecht verluer.
An trotzdeem, oder dowéinst, huet Amerika, et schéngt, Loscht nees de Wee esou séier wéi méiglech zeréck an d'Normalitéit ze fannen. Mee esou einfach ass et net. Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther huet all d'Detailer.