Aktuelles
Dag vum Kaméidi
Haut sollt am Fong den Dag géint de Kaméidi ginn. Mee wéi esou villes fält och dee wéinst der Corona-Kris an d'Waasser, all geplangten Aktioune goufe verréckelt. Et ass den Ament och esou, datt et jo vill méi roueg ginn ass, besonnesch an de grousse Stied. Dat erliewen a mierke mer och selwer. Dogéint ass dëst Joer awer an den Haiser a Wunnenge vill méi lass, eben duerch d'Famillen, déi nees, oder endlech mol méi Zäit fireneen hunn. D'Fro ass dofir: Huet sech de Problem vum Kaméidi dann elo vun der Strooss eran an déi gutt Stuff verlagert? Dozou Detailer vun der Brigitte Schulte-Fortkamp von der Deutschen Gesellschaft für Akustik.