arrow_back_ios
Aktuelles
E Gesetz fir eng Corona-Tracing-App
De Callcenter fir den analogen Tracing vu Corona-Infizéierte gëtt vun 25 op 100 Persounen opgestockt. An Zukunft kéinten 240 bis 300 nei Infektiounen den Dag analog retracéiert ginn. Dat huet d'Regierung an der zoustänneger Chamberkommissioun annoncéiert. Fir dem Drock vun deenen aneren EU-Länner entgéintzewierke wéilt d'Regierung awer och e Gesetz ausschaffe fir eng Corona-Tracing-App ze begleeden an déi néideg Sécherheeten ze garantéieren. Maxi Pesch mat Detailer.