Aktuelles
Mat Hëllef vun Zelter a Container op Besuch am Seniorenheem
Holland huet et virgemaach. Bei eis am Land sinn zwee Seniorenheemer nogezunn, virun allem wéinst dem Verlaangere vun de Leit gouf sech op dës Strukture konzentréiert, fir esou Visitten ze erméiglechen.
Zu Waasserbëlleg an der Maison de Soins Op Lamp gouf en Zelt opgeriicht mat grousse Fënsteren aus Plexiglas, sou datt ee kee Kontakt mat der Persoun huet, déi ee besicht. Et gesäit ee sech awer an et kann ee poteren, dofir heescht d'Zelt dann och "Poterzelt". Pro Persoun, déi am Heem lieft, ass eng hallef Stonn Visitt erlaabt, mat maximum zwee Leit Besuch zesummen. Duerno gëtt fir déi nächst Visitt alles desinfizéiert.
Am Centre Intégré pour Personnes Agées Gréngewald zu Nidderaanwen ass de System anescht. Do gouf sech um hollännesche System inspiréiert.
Op béide Plaze gëtt ënner strengen Hygiène- a Sécherheetsmoossname geschafft an och nëmmen op Rendez-vous. Déi nächst Struktur, déi mat dësem Modell nozitt, ass de Konviktsgaart.