arrow_back_ios
Aktuelles
Covid-19 kann och Kanner treffen
Laang ass gemengt a gesot ginn, Covid-19 wier keng wierklech Gefor fir Kanner. Dat ass awer net esou: och (ganz) jonk Leit kënne Symptomer kréien. An der Kannerklinik beim CHL ass eng speziell Unitéit fir kleng Covid-19-Patienten ageriicht ginn, mat 15 Better, a mat der Méiglechkeet - wann néideg - e Kand och intensiv ze behandelen. De Maurice Molitor huet sech mat der Dokter Isabel De La Fuente, Pediater an der Kannerklinik, ënnerhalen.