Aktuelles
Prognose fir d'Exitstrategie
Wéi vill méi Infektioune mam neie Coronavirus bréngen d'Ouverture vun de Chantieren, de Butteker oder Schoule mat sech? A wéi séier kéint de Gesondheetssystem iwwerlaascht ginn, jee nodeems wéi staark een de Confinement nees entschäerft? Nach ginn dozou hei am Land keng Prognose publizéiert. Mee ee Grupp vu Fuerscher hei am Land schafft u komplexe Modeller, fir op déi Froe méiglechst prezis statistesch Äntwerten ze ginn. D'Pia Oppel huet sech mat engem vun hinnen, dem Alexander Skupin vun der Uni Lëtzebuerg, ënnerhalen.