arrow_back_ios
Aktuelles
De Phenomeen vum Shaken Baby
Et ass de Moment keng einfach Zäit, och net fir frëschgebaken Elteren. Et ass een isoléiert, an et huet ee vläicht net déi Ënnerstëtzung a Berodung, déi ee bräicht. D'Alupse, d'Association luxembourgeoise de pédiatrie sociale fäert dowéinst, datt de Phenomeen vum Shaken Baby de Moment zouhuele kéint, dat heescht, datt Elteren de Puppelche rëselen, fir datt en ophält mat kräischen.