Aktuelles
Live-Ortho-Quiz vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
Fir eis all déi Reegelen an der lëtzebuergescher Orthografie spilleresch méi no ze bréngen, organiséiert den ZLS elo scho fir déi véierte Kéier e Live-Ortho-Quiz, muer um Mëttwoch Moien, um 10 Auer, an nomëttes um 4 Auer. Et geet ëm orthografesch Finessen a Spréch, Ausdréck oder Riedensaarten, awer allkéiers just ëm ee Begrëff doraus. Den direkte Link fir matzemaachen ass www.menti.com/dt5y9xd41a. Soss op www.menti.com goen an dëse Code aginn: 44 09 52. De Luc Marteling, Direkter vum ZLS, erkläert dem Claude Faber, wéi de Quiz geet, an datt et dobäi net direkt ëm eng gëlle Kou geet.