Aktuelles
Keng grouss Präisbaisse, trotz dem Coronavirus
Am leschten Trimester 2019 waren d'Präisser fir Haiser a Wunnengen hei am Land géigeniwwer dem Joer virdrun ëm ronn eelef Prozent geklommen. Dat geet aus enger rezenter Publikatioun vum Observatoire de l'habitat ervir. Schonn en halleft Joer virdrun hat den Observatoire eng änlech staark Hausse vun de Präisser festgestallt. Et ass en Effekt, deen ee sech net sou richteg ze erklären weess. De Julien Licheron ass Ekonom beim Institut fir sozio-ekonomesch Recherche LISER a Coordinateur vum Observatoire de l'habitat. De Stephan Polet huet mat him geschwat.