arrow_back_ios
Fräie Mikro
Science Wars
Déi aktuell Situatioun wéinst der Corono-Kris ass erstaunlech. An dat obwuel mer un eng gewëssen Onduerchsiichtegkeet gewinnt sinn, an obwuel reegelméisseg Krisen a Katastrophen eis definitiv d'Gefill geholl hunn, an enger sécherer Welt ze liewen. Nach ni gouf et esouvill an esou weltwäit kontradiktoresch Informatiounen iwwer esou e klengt Déngen, mat esou massive Konsequenzen. An och d'Wëssenschafte schéngen eis keen einfache Wee do eraus ze weisen, mengt de Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli am Fräie Mikro.