Aktuelles
Exit-Strategie: gemëschte Reaktioune vun der Oppositioun
Datt d'Regierung elo eng Exit-Strategie aus de Krise-Moossname virgestallt huet, wier de richtege Wee, esou d'Vertrieder vun der Oppositioun an der Chamber.
Der Regierung hir Pläng fir d'Exit-Strategie wieren de richtege Wee fir d'Suitte vum Krise-Management, esou d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen am 100,7-Interview. D'Exit-Strategie dierft awer keen Exit aus der Virsiicht sinn.
Genee ee Mount, nodeem d'Regierung de 15. Mäerz Ausgangs-Limitatioune fir d'Populatioun a weider Mesurë wéinst der Corona-Pandemie decidéiert hat, goufe gëschter d'Pläng fir eng Exit-Strategie presentéiert. An dräi zäitleche Phase solle verschidden Aktivitéiten erëm kënnen ufänken, mee et musse Schutzreegelen agehale ginn. Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.