arrow_back_ios
Aktuelles
"Wann dës sanitär Kris eriwwer ass, ass de Klimawandel et awer net"
De weltwäite Klimastreik, dee fir de 24. Abrëll geplangt war, gouf wéinst der Coronavirus-Pandemie ofgesot. Elo sicht d'Fridays for Future Beweegung no Alternative fir hire Mouvement weider um Liewen ze erhalen. Mee wéi hunn déi jonk Klimaaktiviste sech op d'sanitär Kris missen ëmstellen? A riskéiert d'Klimakris wéinst der Coronavirus-Pandemie a Vergiessenheet ze geroden? D'Rahel Könen huet fir eis mat der Lëtzebuerger Klimaaktivistin Natasha Lepage iwwer d'Auswierkunge vun der aktueller Situatioun geschwat.