Aktuelles
Falsch Informatiounen an Zäite vu Covid-19
An Zäite vu Covid-19 si vill Informatiounen am Internet a Chat-Programmer an op de soziale Medien ënnerwee, an domadder automatesch och vill falsch Informatiounen. A verschiddene Fäll ass den Ënnerscheed tëschent Informatioun a Manipulatioun liicht ze gesinn, an aneren awer net. Mat enger Web-Applikatioun wëllt den Zentrum fir politesch Bildung dobäi hëllefen, dësen Ënnerscheed besser ze erkennen. Donieft gouf Infomaterial fir Léierpersonal an Elteren ausgeschafft fir de Kanner de Problem vun de Fakenews méi no ze bréngen. Informatioune fënnt een ënner www.zpb.lu. De Pit Walté mat Detailer.