arrow_back_ios
Aktuelles
"Mir sinn amgaang en historesche Moment ze erliewen"
Duerch en neie Fuerschungsprojet versicht de Zentrum fir zäitgenëssesch an digital Geschicht vun der Uni Lëtzebuerg wärend der sanitärer Kris, Temoignagë vu Leit aus dem Gesondheetssecteur ze sammelen. D'Zil wier et ze garantéieren, datt dës net verluer ginn a spéider fir weider Etüden a Fuerschungsprojete kéinte genotzt ginn. D'Rahel Könen huet mam Historiker Benoît Majerus vum C2DH iwwer deen neie Projet geschwat.