Aktuelles
Pompes funèbres an Zäite vu Corona
Den Thierry Graul ass President vun der Fédération des pompes fénèbres et de crémation a selwer Patron vun engem Betrib, deen am Läichendéngscht schafft.
Aus dem Ausland kenne mer Biller, wou d'Pompes funèbres méi wéi all Hänn voll ze doen haten, an et ass donieft fir jiddwereen, deen en Doudesfall am noe Krees huet, sécher schwéier grad am Moment domat eens ze ginn, datt ee sengem Verstuerwenen net kann eng leschte Kéier Äddi soen.
Wéi d'Pompes Funèbres hei zu Land opgestallt sinn a wat och den Opruff vun der Federatioun u jiddwereen ass, huet d'Nathalie Bender den Thierry Graul gefrot.