Aktuelles
Covid-19 Kranker: Eng leschte Kéier Äddi soen iwwer Skype
D'Covid-19 Krankheet ass och fir d'Famillen a Frënn vu Patienten eng psychologesch an emotional schwiereg Situatioun. De physesche Kontakt mat de Kranken ass wéinst Ustiechungsgefor nämlech net méi méiglech. Bei engem Stierffall kann ee sech net méi physesch Äddi soen. Och déi lescht Wierder a Momenter erliewen déi Betraffen elo virtuell an enger Video-Kommunikatioun. Ënner anerem de Centre Hospitalier an der Stad huet sou e System en Place gesat. D'Vanessa Grandjean, Chef-Psychologin vum CHL, erkläert dem Pierre Reyland, wéi dee System an der Praxis funktionéiert.