arrow_back_ios
Aktuelles
Wëssenschaft ënner Drock
Wéi kann een aus dem gesellschaftlechen a wirtschaftleche Stëllstand wéinst der Corona-Pandemie nees erauskommen? Doriwwer gëtt weltwäit gerätselt a gefuerscht. D'Politik versprécht séier Léisungen - wärend d'Wëssenschaft nach op kloer Erkenntnisser waart. Egal wéi d'Exit-Strategie ausgesäit: D'Droe vu Masken an der Ëffentlechkeet misst zur Léisung dobäi gehéieren, seet de Mikrobiolog an Infektiolog Michel Pletschette vun der Uni München. D'Pia Oppel huet sech mat him ënnerhalen.