Aktuelles
Ee Joerhonnert-Joergang
Gesond Drauwen, kräfteg Wäiner an eng grouss Quantitéit:
Och elo an de Corona-Krisenzäite proposéieren déi meescht Wënzer Liwwerunge vun hire Produiten bei Iech heem.
Deen een oder anere Wënzer op der Musel huet och schonn 2019er an der Offer, deen hätt een normalerweis beim traditionelle Wäimaart ëmmer freides no Ouschteren zu Gréiwemaacher ze schmaache kritt, dee jo lo awer ausfält, grad wéi d'Expovin. 2019er ass ee Joergang, dee méi klassesch ass, deen awer ganz vill Potential huet.
E Gespréich mam staatleche Wäi-Kontroller André Mehlen vum Institut Viti-Vinicole.