arrow_back_ios
Aktuelles
Etüd Con-Vince préift, wéi de Virus sech an der Bevëlkerung verbreet
Am Kader vun der Studie Con-Vince soll d'Prävalenz an d'Ausbreedung vum neie Coronoavirus an der Populatioun nogewisen an nei Tester agesat ginn, fir d'Immunitéit vun de Leit ze testen. 1.500 Leit, déi fir d'Gesamtbevëlkerung representativ sinn, ginn dofir aus engem bestoende Panel vun TNS-Ilres ugeschriwwen. De Professor Rejko Krüger vum Luxembourg Institute of Health koordinéiert dës Etüd an huet dem Michèle Sinner erkläert, wat d'Fuerscher wëllen erausfannen a wat fir eng Schwieregkeeten et dobäi ginn.