Aktuelles
Wéi gi Jugendlecher mat der aktueller Situatioun ëm?
D'lescht Woch hate mer geschwat am Kontext vun der aktueller Situatioun wéinst der Coronavirus-Pandemie a mat der Consigne "Doheem bleiwen" iwwert méiglech Froen, déi Kanner oder esou ganz Klenger kënnen hunn. Haut geet et ëm Jugendlecher an der aktueller Situatioun. Nach viru Méint goufe si encouragéiert mam Mouvement Friday for Future sech fir de Klimaschutz ze engagéieren an op d'Strooss ze goen. An elo dann heescht et, si dierfe keng Kolleege méi gesinn, a si sollen a mussen doheem bleiwen. De Jean Claude Majerus mat Iwwerleeunge vun der Jeanine Schumann vun der Eltereschoul Janusz Korczak vun der Fondatioun Kannerschlass.