arrow_back_ios
Aktuelles
D'Ekonomie an der Corona-Pandemie
D'Corona-Pandemie an d'Moossnamen, déi dowéinst geholl goufen, hu grouss Deeler vun der Ekonomie un d'Stoe bruecht. Weltwäit plange Regierungen elo Mesuren, fir de Schued fir d'Ekonomie ze minimiséieren. Wéi eng sollten dat sinn? De Stephan Polet huet e franséischen an en éisträicheschen Ekonomist ëm hir Aschätzung gebieden: de Paul Pichler, Ekonomie-Professer op der Uni Wien an den Xavier Timbeau, Chercheur an Direkter vum Obervatoire français des conjunctures économiques, deen zur SciencePo gehéiert.