arrow_back_ios
Aktuelles
Etat de crise hannerléisst Spueren am Rechtssystem
De Professor Stefan Braum warnt virun de laangfristege Konsequenzen, déi den Etat de crise an déi Mesuren, déi op Basis dovun geholl goufen, huet. Hie plädéiert dofir e Rechtskader ze schafen, deen den Ëmgank mat infektiéise Krankheete wéi deem neie CoronaVirus reegelt. An hie fuerdert datt och d'Sortie aus de Krisemesurë rechtlech begleet gëtt, wou sech beispillsweis beim Dateschutz eng ganz Partie Froe stellen. D'Michèle Sinner huet sech mam Stefan Braum iwwer seng Bedenken ënnerhalen.