Aktuelles
D'Digitaliséierung vun der sozialer Aarbecht
De PraxisBüro ass en Deel vun der Uni Lëtzebuerg an eng Plattform fir sozial Aarbecht hei zu Lëtzebuerg, bei där ee probéiert d'Acteuren aus dem Secteur zesummenzebréngen, fir datt déi sech ënnertenee vernetze kënnen. Eemol am Joer bréngen se och eng Publikatioun eraus, déi dëst Joer mat der Digitaliséierung vun der sozialer Aarbecht en ganz aktuellt Theema hat.
D'Publikatioun NetzWerk 3, zur Digitaliséierung vun der sozialer Aarbecht a méi Infoen zu der Plattform PraxisBüro, fannt Dir ënner praxisbuero.lu.