arrow_back_ios
Aktuelles
Biosgros: "Mir probéiere Präishaussen net un d'Cliente weiderzeginn"
No den Hamsterkeef viru gutt zwou Woche sinn d'Regaler an de Supermarchéen nees gréisstendeels gefëllt. Mee d'Corona-Pandemie huet weider en Impakt op d'Uebst- a Geméisproduktioun.
Engpäss bei de Liwwerunge géifen et bis elo net ginn, seet den Direkter vum Lëtzebuerger Grossist Biogros, de Patrick Kolbusch. Am Gespréich mam Rick Mertens erkläert hien awer, op wéi eng Problemer d'Produzenten a Südeuropa am Moment stoussen.