arrow_back_ios
Aktuelles
Solidaritéit fir Frontalieren aus dem Spidols- a Fleegesecteur
Ronn 350 Frontalieren, déi hei am Land am Spidols- a Fleegesecteur schaffen, sinn den Ament an Hotellen zu Lëtzebuerg logéiert. De Frontaliere gouf dëst vun der Regierung proposéiert, fir de Fonctionnement vum Gesondheetssystem wärend der Kris weider ze garantéieren. Mee wéi hunn d'Hotelle sech op déi aktuell Situatioun missen ëmstellen? D'Rahel Könen huet bei zwee Hotellen, déi Frontalieren ophuelen, nogefrot.