arrow_back_ios
Aktuelles
Hëllef fir Leit ouni Krankeversécherung weider garantéiert
Wat geschitt mat Leit ouni Krankeversécherung, wa si medezinesch Hëllef brauchen? D'Associatioun Médecins du Monde betreit ronn 900 Patiente pro Joer, déi hei am Land an esou engem Fall sinn. Dem Vize-President vun der Associatioun no wier et selbstverständlech, datt dëse Service grad an Zäite vun der Coronavirus-Pandemie erhale bleift. D'Rahel Könen huet mam Dokter Bernard Thill iwwer hiren Asaz an dëser Krisesituatioun geschwat.