Aktuelles
Den Temoignage vum Student Alexander Juste a Quarantän
Den Alexander Juste ass e Lëtzebuerger Student, deen an der Schwäiz eng Masteraarbecht an der Chimie mécht.
Virun enger Woch, e Mëttwoch, ass hie mam Fliger heemkomm op Lëtzebuerg. Op deem Vol fir heem huet hien, nodeems hien den Dag virdru scho liicht Unzeeche vun enger Gripp hat, stënterlech Kappwéi krut an et koume méi akut Symptomer vun enger Gripp derbäi. Houscht an Halswéi hat hien ufanks net. Den Houscht koum freides stënterlech, d'Symptomer vun der Gripp hu sech verzunn, den Houscht ass bliwwen. Richteg krank spiert den Alexander sech net, mee hien ass trotzdeem, éier hie sech teste gelooss huet, aus Precautioun schonn net méi net aus sengem Zëmmer gaangen.
Elo nom positiven Test bléift hie fir weider zwou Wochen a Quarantän a senger Kummer. D'Angie Maquil huet mat him geschwat.