Aktuelles
Purple Day
7 min
De 26. Mäerz ass den internationalen Dag vun der Epilepsie
Journée Lavande, oder Purple Day: dësen Dag soll weltwäit sensibiliséiere géint d'Diskriminéierung vu Leit, déi un Epilepsie leiden. An deem Sënn huet och d'AAPE, d'Association d'Aide aux Personnes Epileptiques e Communiqué verschéckt. Besonnesch well mer momentan all mussen doheem bleiwen an net wéi eigentlech ugeduecht eis Solidaritéit kënne mat engem mofe Kleedungsstéck ausdrécken, war et der d'AAPE wichteg iwwer déi neurologesch Krankheet ze schwätzen. Ongeféier 1 Prozent vun der Populatioun huet dës Krankheet, déi sech ganz ënnerschiddlech ka weisen.
D'Nathalie Bender huet mam Jos Voss, dem President vun der AAPE, telefonéiert.