arrow_back_ios
Aktuelles
Ee Joer nom Zyklon Idai
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Et ass ongeféier ee Joer hier, datt den Zyklon Idai de Mosambik an d'Nopeschlänner getraff huet. Nach haut sinn d'Konsequenzen op der Plaz ze spieren, 100.000 Mënsche si provisoresch ënnerbruecht, d'Liewensmëttel si knapp. Et wier een zwar virun engem Joer drop virbereet gewiescht, datt de Mosambik getraff gëtt, seet de Frédéric Haupert vu CARE Lëtzebuerg, an dach war et eng schwéier Situatioun, well et am Süde vum Land zum selwechte Moment eng Dréchent gouf.