arrow_back_ios
Aktuelles
Temoignage: "Ech hätt meng Famill zu Lëtzebuerg gär rëmgesinn"
D'Corona-Pandemie, dat sinn och ganz vill Eenzelschicksaler. D'Sasha, 23 Joer al Lëtzebuerger Studentin zu München, war op enger laanger Rees a Südamerika, wéi d'Beweegungsfräiheet wéinst dem Coronavirus staark ageschränkt gouf. Si ass awer iwwer fënnef verschidde Flughäfen zréck op München komm. Do ass si lo a Quarantän. Si sëtzt also zu München fest, a kann net zréck op Lëtzebuerg, huet d'Lëtzebuerger Studentin eis erzielt.