arrow_back_ios
Aktuelles
Massen a Momenter fir ze bieden iwwer Sozial Medien
Bis elo sinn d'Kierchen an d'Kapellen am Land nach op fir individuell bieden ze goen. Houmasse gi keng méi ëffentlech gehalen. Begriefnesser fanne weiderhi statt. All aner Zeremonië wéi Kanddaf oder Hochzäite gi bis op Weideres verluecht. Op www.cathol.lu fënnt een déi eenzel Adresse fir iwwer Online-Radio oder Tëlee, Massen oder Gebietsmomenter ze suivéieren. De Roger Nilles, Pressespriecher vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg, mat weideren Detailer.