Aktuelles
Eng Apdikt an der Corona-Kris
D'Apdikte spillen eng essentiell Roll, an dëse Corona-Zäiten. Mee och si hu sech scho mussen adaptéieren un déi exzeptionell Situatioun, a se wäerten dat nach weider musse maachen. Net well hinnen d'Medikamenter géifen ausgoen. Nee, den Approvisionnement wär geséchert, do wär guer kee Problem, heescht et. Mee och d'Apdikte musse Virkéierungen treffen, fir datt hir Clienten an hir Mataarbechter engem méiglechst klengen Infektiouns-Risiko ausgesat ginn. De Maurice Molitor war op Kiele fir ze kucken, wéi eng verhältnisméisseg kleng Apdikt um Land sech op déi aussergewéinlech Ëmstänn agestallt huet.