Kultur
International Muséeën digital: am Frankfurter Städel
De Frankfurter Städel Museum ass ee vun de bedeitendsten däitsche Konschtmuséeën. Ënner anerem och, well do ëmmer versicht gouf, mat der Zäit ze goen. Zum Beispill vun der Dr. Chantal Eschenfelder, déi Responsabel fir Educatioun a Mediatioun. Déi studéiert Konschthistorikerin huet viru gutt zéng Joer eng digital Strategie fir de Städel Museum lancéiert. Wat der Institutioun an der aktueller Situatioun bestëmmt zegutt kënnt. D'Kerstin Thalau war der Chantal Eschenfelder virun enger Konferenz am Lëtzebuerg City Museum begéint.