Aktuelles
Etat de crise a Kraaft
Den zäitlech limitéierten Etat de Crise wéinst der Corona-Pandemie ass a Kraaft: D'Regierung huet dat néidegt Reglement gëschter ugeholl an de Grand-Duc huet et ënnerschriwwen, esou de Premier Xavier Bettel gëschter Owend virun der Press. D'Regierung huet elo d'Méiglechkeet an dëser "schwiereger Situatioun" séier kënnen ze agéieren. Aussergewéinlech Mesurë misste geholl ginn.
An éischt Moossname fir d'Dauer vun der Corona-Kris goufe scho gëschter am Regierungsrot decidéiert: dorënner Sanktioune fir Leit, déi sech net un d'Reegele vun de staark ageschränkten Deplacementer halen. Detailer, Serge Kesseler.