Aktuelles
De Service HELP an Zäite vun der Corona-Kris
4 min
Help ass e Service vun der Croix Rouge, dee fir Aides a Soins à domicile zanter ville Joren am Déngscht vun de Leit steet. Och si sinn an dëser Kris enorm gefuerdert, sief et beim Déngscht doheem an awer och an de Centres de jour encadrés an de Senior Clubben.
Och wann een op esou eng sanitär Kris net virbereet war, gouf sech bei der Croix Rouge direkt preparéiert. De Service Help vun der Croix Rouge funktionéiert an alle Service weider, awer mat natierlech enger Rei Changementer a Moossnamen.
D'Angie Maquil huet mam Brice Goedert, Coordinateur projets vun der Croix Rouge iwwer déi aktuell Situatioun geschwat.