arrow_back_ios
Aktuelles
Neit Regelement fir den Import vu Konfliktmineralien an d'EU
Den 1. Januar 2021 trëtt d'EU-Reglement iwwer Konfliktmineralien a Kraaft. Vun do u mussen europäesch Betriber, déi dës Matièren importéieren a weiderverschaffen - zum Beispill an Telefonen oder Computeren -, sech un der OECD hir Richtlinnen iwwer eng propper Liwwerketten halen. Dat fir sécherzestellen, datt duerch den Ofbau keng bewaffent Konflikter finanzéiert an d'Mënscherechter agehale ginn. D'Michèle Sinner mat Detailer.