Aktuelles
Platzt zu Diddenuewen geschwënn eng Bomm?
5 min
E Sonndeg ass den éischten Tour vun de Kommunalwalen a Frankräich. 35.000 Gemenge ginn et an eisem Nopeschland, an den zwee Departementer, déi u Lëtzebuerg grenzen (Moselle a Meurthe-et-Moselle), sinn et der eppes méi wéi 1.300. Eng dovun ass Thionville (Diddenuewen), eng Stad vun 42.000 Awunner um hallwe Wee tëschent Diddeleng a Metz. Mee iwwer de Walen do hänkt en Damokles-Schwäert a Form vun engem explosiven Zeitungsartikel, dee wéi et schéngt prett do läit, deen awer op Drock vun uewen net verëffentlecht gëtt. Hannergrënn vum Maurice Molitor.