arrow_back_ios
Aktuelles
Justizfeeler hënnert Instruktioun vum Srel-Prozess
E Feeler vun der Justiz ass mat Schold drun, datt d'Instruktioun vum Srel-Prozess de Loris Mariotto net besser konnt ënner d'Lupp huelen. Dat ass dee Geschäftsmann, deen dem Geheimdéngscht eng CD iwwerreecht huet, op där soll e kryptéiert Gespréich tëschent dem Grand-Duc an dem Jean-Claude Juncker sinn. Bei enger Perquisitioun viru siwe Joer beim Loris Mariotto goufen interessant Piècë fonnt. Wéinst engem Feeler vun engem Untersuchungsriichter konnten déi Piècen awer net verwäert ginn. Detailer vum Maxi Pesch.