arrow_back_ios
Aktuelles
Ass de gratis ëffentlechen Transport och eng PR-Aktioun?
Wéinst dem gratis ëffentlechen Transport hei am Land ass de Mobilitéitsminister François Bausch dëser Deeg ee vill gefrote Mann: wéinst dëser Mesure ass Lëtzebuerg e Sujet an auslännesche Medien.
Um éischte Schaffdag, op deem keng Tickete méi fir Zuch, Tram a Bus néideg sinn, hu mir de François Bausch gëschter Moien - zesumme mat engem Journalist vun der Berliner Zeitung Tagesspiegel - op sengem Wee vun doheem op de Büro begleet. E Reportage vum Serge Kesseler.