arrow_back_ios
Aktuelles
Srel: Illegal Opnamen, Raibergeschichten an ëmmer nees d'Bommeleeër
Muer de Moien ass et esouwäit: Da fänkt um Stater Geriicht de Srel-Prozess un. Aacht Seancë si fir déi nächst zwou Woche virgesinn. Dräi fréier Srel-Mataarbechter kréie virgehäit, geheim Informatiounen aus dem Geheimdéngscht matgeholl an e Geschäftsmann illegal ofgelauschtert ze hunn.
Déi grouss Fro ass, ob de Prozess et fäerdeg bréngt, plausibel Äntwerten ze liwweren op déi vill Froen, déi sech no der Enquête nach ëmmer stellen.
E Bléck op de Prozess mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck