Aktuelles
Mënscherechter an Entreprisen
Lëtzebuerg huet am Dezember säin zweeten nationalen Aktiounsplang fir de Respekt vun de Mënscherechter an den Entreprisen ugeholl. Et geet ënner anerem drëms Kanneraarbecht oder Sklaverei ze ënnerbannen, zum Beispill bei der Hierstellung vu Wueren, déi importéiert an zu Lëtzebuerg verkaaft ginn. Déi Reegele gëlle vun der Epicerie bis bei d'Multinationale mat Siège zu Lëtzebuerg.
Deen Aktiounsplang geet verschiddenen ONGen awer net wäit genuch. Si fuerderen en neit Gesetz, dat d'Entreprisen obligéiert drop opzepassen, datt d'Mënscherechter duerch hir ganz Veraarbechtungsketten erduerch agehalen ginn. Am Koalitiounsaccord steet, dës Optioun géif gepréift. Den Ausseminister Jean Asselborn war gëschter an déi zoustänneg Chamberkommissioun, fir ze diskutéieren. D'Michèle Sinner mat Detailer.