arrow_back_ios
Aktuelles
2018-2021: Bal 1,5 Milliarden Euro fir Fuerschung an Héichschoul
Et bleift d'Zil vun der Regierung fir ee Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung an d'Fuerschung ze investéieren, esou den zoustännege Minister Claude Meisch bei der Presentatioun vun der neier nationaler Strategie fir Recherche an Innovatioun. Fakt wier awer, datt een nach e Stéck wäit vun deem Zil ewech wier, huet de Minister confirméiert.
Wéi eng Prioritéite gi sech an der Fuerschungspolitik gesat, a wéi vill gëtt de Moment an dësem Beräich investéiert? Äntwerte vum Serge Kesseler.