arrow_back_ios
Aktuelles
CETA-Accord Prozedur
Lëtzebuerg huet den EU-Handelsaccord mat Kanada, bekannt ënner der Ofkierzung CETA, nach net ratifizéiert. No enger Sëtzung gëschter vun der aussepolitescher Kommissioun an der Chamber huet et awer geschéngt, wéi wann déi decisiv Etapp - de Vott an der Chamber-Plenière - net méi all ze wäit fort wier. De Stephan Polet, mat engem Réck- an Ausbléck op déi laang Prozedur ronderëm dësen ëmstriddenen Handelsaccord.