arrow_back_ios
Aktuelles
600 Tonne medezinesch Offäll: Wat geschitt domat?
Lëtzebuerg sicht no innovative Weeër fir medezinesch Offäll ze verwäerten. Hei am Land entstinn all Joer iwwer 600 Tonnen u medezineschen Offäll, déi am Ausland mussen entsuergt ginn. Eng nei Technologie aus Brasilie versprécht elo eng méi ekologesch a lokal Léisung. De Centre Hospitalier zu Esch envisagéiert fir bei engem Testprojet deelzehuelen. Bis dohi ginn et awer nach eng Rei Hürden. D'Rahel Könen mat den Detailer.