Fräie Mikro
National Identitéit - Froen iwwer Froen
Duerch de Rapport vum Jeannot Waringo iwwer de groussherzoglechen Haff gëtt ëffentlech iwwer d'Monarchie diskutéiert. D'Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière, fäert am Fräie Mikro, datt an där Diskussioun d'Tendenz opkënnt fir no Äntwerten ze sichen op identitär Froen, déi net gestallt goufen. "Ech sinn Alles an ech sinn Näischt, (...) et gëtt däi Lëtzebuerg an et gëtt mäint", séngt de Lëtzebuerger Museker Serge Tonnar an dat mengt och d'Isabelle Medinger.