arrow_back_ios
Aktuelles
"Näischt fundamental Neies"
En neie Gesetzesprojet soll fir méi Transparenz bei de Präisser a Servicer vun Alters- a Fleegeheemer suergen. Den deementspriechende Gesetzesprojet gouf vum Familljeministère virun enger Woch deposéiert.
Fir Hebergement-Strukture vun eelere Leit géif dëst awer net direkt eppes veränneren, mengt de Marc Fischbach, President vun der COPAS, dem Daachverband vun den Hëllefs- a Fleegedéngschter. An awer, géif d'COPAS eng Rei Dispositiounen, déi am Gesetzesprojet virgesi sinn, begréissen, sou de President am Gespréich mam Rahel Könen.