arrow_back_ios
Aktuelles
"Lëtzebuerg mécht Steierdumping bei den Zigaretten"
De franséische Pneumolog an Tabacolog Bertrand Dautzenberg gehäit Lëtzebuerg Steier-Dumping bei den Zigarette vir: doduerch géif d'Gesondheets-Situatioun vun de Fransouse verschlëmmert ginn, kritiséiert den Expert am 100,7-Interview. De Bertrand Dautzenberg schwätzt vun enger moralescher Fro. Vum Grand-Duché verlaangt de Professer eng méi responsabel Attitüd.
De Serge Kesseler huet mam Dokter Bertrand Dautzenberg geschwat.