arrow_back_ios
Aktuelles
De Lëtzebuerger Overshoot Day
De 16. Februar war dës Joer den Overshoot Day fir Lëtzebuerg. Dat heescht deemno huet Lëtzebuerg op deen Deg déi Ressource verbraucht, déi dem Land theoretesch fir ee Joer zur Verfügung stinn an déi d'Natur nees am Laf vun engem Joer hierstelle kann. Gerechent ginn dës Date vu Global Footprint Network, eng international Fuerschungsorganisatioun. Am Verglach zum leschte Joer huet Lëtzebuerg sech domadder ëm 3 Deeg verschlechtert. De Pit Walté huet sech ugekuckt wéi een op dës Resultat komm ass.