Commentaire
Verloschter am Paräisser Kulturliewen
Wochelaang huet de Streikmouvement a Frankräich besonnesch d'Haaptstad Paräis ferm gebeidelt. Protestaktiounen, Demonstratiounen, den ëffentlechen Transport, deen deels Brooch louch. D'Gewerkschafte wiere sech géint d'Rentereform vum franséische President Emmanuel Macron. D'Protester haten an deene Streikwochen en Afloss op vill Liewenberäicher an och d'Paräisser Kultur huet d'Konsequenze vum Streikmouvement gespiert. Operen- an Balletsvirstellunge goufen annuléiert, Theatere bloufen zou. Detailer mam Jean Claude Majerus.